Page de couverture de Episode 36 - En Hommage un d'Nelly Moia mam Danièle Igniti

Episode 36 - En Hommage un d'Nelly Moia mam Danièle Igniti

Episode 36 - En Hommage un d'Nelly Moia mam Danièle Igniti

Écouter gratuitement

Voir les détails du balado

À propos de cet audio

An dëser 36. Episode vun “Iwwer Gott an d’Welt” ënnerhält de Lex sech mam Danièle Igniti. Sie schwätzen iwwer d'Liewen a Wierke vun Nelly Moia, déi den 23. Februar 2025 verstuerwen ass. Si gouf héich geschat als Professesch, Feministin, Déiereschutz-Aktivistin a Fotografin. Berufflech huet si Englesch, Italienesch, Konscht an Ethik (Morale Laïque) am Lycée Hubert Clement zu Esch/Uelzecht enseignéiert. Säit den 1950er Joren huet si reegelméisseg Artikelen iwwert d’Rechter vu Fraen an Déieren geschriwwen, déi meeschtens am Tageblatt oder am Luxemburger Land publizéiert goufen. Als iwwerzeegten Atheistin huet si ni gezéckt, sech géint d’Kierch ze positionéieren. Vun den 1980er Joren un huet si och Fotoausstellungen organiséiert a verschidde Bicher geschriwwen. Weder de Bob nach de Lex haten d’Nelly Moia als Professesch, mee si konnten en Interview mat enger anerer bekannte Lëtzebuerger Persoun féieren, déi dës Éier hat. D’Danielle Igniti, déi politesch aktiv war a nach ëmmer staark an der Konschtwelt engagéiert ass, huet am Gespréich vill Anekdote verzielt an ënnerstrach, datt d’Nelly Moia eng aussergewéinlech bemierkenswäert Persoun war. Am Laf vum Interview goufen och Themen wéi d’Kierch, d’Politik an d’Rechter vu Fraen an Déieren ugeschwat.

Hosted on Acast. See acast.com/privacy for more information.

Ce que les auditeurs disent de Episode 36 - En Hommage un d'Nelly Moia mam Danièle Igniti

Moyenne des évaluations de clients

Évaluations – Cliquez sur les onglets pour changer la source des évaluations.