Épisodes

  • Episod 107 - SILKSONG kickt eis asses a BORDERLANDS 4 kickt hir Fans?
    Sep 24 2025
    Elo nodeems mir e bëssen Zäitmat Silksong verbruecht hunn, ginn et zwou grouss Erkenntnisser. Et ass megagäil... a mega schwéier. Wéi wäit si mir komm an huet schonn een opginn? A propos opginn: Borderlands 4 ass frësch um Marché, mee wat soen dann d'Kriticken? Dann huet Nintendo och nach eng laang Direct presentéiert, déi mir eis méi genee ënnert d'Lupp geholl hunn. GG a vill Spaass.
    Voir plus Voir moins
    1 h et 10 min
  • Episod 106 - September ass Neijoerschdag!
    Sep 10 2025
    Happy Rentrée, endlech gëtt et ee mol erëm News! Am September gouf endlech de laang erwaarden Titel Silksong vun TEAM CHERRY released. Kann ee säi Virgänger Hollowknight an de Schied stellen? De Remake vu Metal Gear Solid3 huet de Mike sech natierlech schonn ugekuckt, woubäi kucke wierklech déi richteg Wuertwal ass! D'Updates an den Trailer vum neie James Bond-Game sinn och absolut derwäert an dowéinst schwätzen d'Jonge vu Gamer Things natierlech och dodriwwer. Komm gären däi Pefferkär dobäi leen!
    Voir plus Voir moins
    1 h et 9 min
  • Gamer Things op der Gamescom 2025 – Live aus Köln
    Aug 27 2025
    An dëser Episod vu Gamer Things geet et ëm déi gréisste Gaming-Foire vun Europa: d’Gamescom 2025 zu Köln! Et ass also Zäit fir eng grouss Zesummefaassung 🎮 Zesumme schwätzen d'Jonge vu Gamer Things iwwer déi spannendst nei Ukënnegungen, hir Highlight-Spiller, d’Stëmmung op der Foire an déi kleng Momenter, déi een nëmme matkritt, wann een op der Plaz ass.
    Voir plus Voir moins
    1 h et 22 min
  • Episod 104 - Gamescom 2025: Mir si prett!
    Aug 13 2025
    D’Gamescom 2025 steet virun der Dier – an de Mike mécht sech prett fir eleng dohinner ze fueren! 🎒🎮 An dëser Episod vu Gamer Things schwätze mir zu zwee iwwer dat wat kënnt, ob wat de Mike sech am meeschte freeë kann a wéi säin Agenda op der Foire ausgesäit. Natierlech geet et och ëm Battlefield 6 Beta: éischt Andréck, Highlights an e bësse Gejéimers, wann et nach hapert. 💬 Wat erwaarts du vun der Gamescom? An hues de d’BF6 Beta scho getest? Hannerlooss eis däi Feedback gären an de Kommentaren!
    Voir plus Voir moins
    1 h et 11 min
  • Episod 103 - BATTLEFIELD an DONKEY KONG BANANZA
    Jul 30 2025
    Battlefield 6 gouf offiziell mat engem Trailer ugekënnegt an domat fänkt den Hype un. De Mike boxt sech grad duerch Donkey Kong Bananza op der Switch 2 an erzielt eis vu sengen éischten Andréck. Dat an nach villes méi, gëtt et dës Woch bei GAMER NET OP DE... THINGS!
    Voir plus Voir moins
    1 h et 8 min
  • Episod 102 - Nei Spiller,grouss Hoffnungen: Wildgate, Battlefield & méi
    Jul 16 2025
    An dëser Episod vun Gamer Things geet et richteg zur Saach! 🎮 Mir diskutéieren iwwert de crewbaséierten Extraction Shooter Wildgate – kann dëse Mix aus Raumfaart, Action a Strategie de Genre nei definéieren? 🚀 Donieft schwätze mir iwwer de Remake vun Tony Hawk’s Pro Skater 3+4, deen elo offiziell eraus ass: Wéi gutt funktionéiert d'Skate-Nostalgie am Joer 2025? 🛹 Zum Schluss kucke mir op Battlefield 6 – d’Erwaardunge sinn héich, mee gëtt et endlech nees ee richtegen Hit fir d’Serie? 💥 🎁 Gewënnspill-Zäit! Gewannd'Deluxe Edition vun Death Stranding 2 – mir erklären am Podcast, wéi’s dumatmaache kanns! 🎧 Lauschter eran, loosst Feedback a vergiess net ze abonéieren!
    Voir plus Voir moins
    1 h et 11 min
  • Episod 101 - DEATH STRANDING 2, REMATCH an DONKEY KONG
    Jul 2 2025
    Eis Gamer erfuerschen d'Welt vum Hideo Kojioma sengem neisten Titel Death Stranding 2 a schwätzen driwwer wat dann am beschten hëlleft an och NET hëlleft fir bëssen ze "escapen". E bësse Fussball am Style vu Rocket League hëlleft dann och vläit am Spill Rematch, wat de Petz sech natierlech als RL-Fan ganz gären ënnert d'Loup hëlt. Dann ass op der neier Nintendo Switch 2, Donkey Kong Direct presentéiert ginn, an - oha - do kann een sech nëmme freeën! Dat a villes méi, wéi gewinnt bei Gamer Things!
    Voir plus Voir moins
    1 h et 10 min
  • Episod 100 - Summer Games Fest Saison ass do
    Jun 18 2025
    Mam Summer Games Fest huet, wat fréier als E3-Saison bekannt war, alles ugefaang. Soumat hunn eis dräi Gamer vill ze vill Theeme fir just an eng Episod ze stiechen. E puer hunn si sech awer erausgepickt a fir déi 100. Episod gëtt et och mol erëm eppes richteg Flottes ze gewannen.
    Voir plus Voir moins
    1 h et 24 min