Page de couverture de #1 Karim Consbruck: „Wann de Ronaldo keen Talent gehat hätt, wär hie vläit an der BGL Ligue gelant.“

#1 Karim Consbruck: „Wann de Ronaldo keen Talent gehat hätt, wär hie vläit an der BGL Ligue gelant.“

#1 Karim Consbruck: „Wann de Ronaldo keen Talent gehat hätt, wär hie vläit an der BGL Ligue gelant.“

Écouter gratuitement

Voir les détails du balado

À propos de cet audio

„Sport aus der Heemecht - De Podcast“ ass lancéiert. An der éischter Episod diskutéiert de Ben matt sengem Invité Karim Consbruck iwwer wichteg Themen, déi d'Karriär vun engem Sportler hei am Land & am Profiberäich am Ausland beweegen. De Karim huet a senger Karriär scho verschidde Profisportler begleet & gëtt eis ecklusiv Abléck a säin Alldag & seng Erfarungen als Kraaft- & Konditiounstrainer. Bekannt ass hie virun allem am Fussball, mee och Athleten aus anere Sportaarte vertrauen op säin Training.


Lauschtert elo déi éischt Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi sech ënner anerem de Jean-Pierre Papin, de Zlatan Ibrahimovic & de Benjamin Henrichs um Karim sengem Wee bedeelegt hunn. Ech wënschen iech vill Spaass.


Den Opbau vun der Episod:


0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.

0'40" - Ween ass de Karim Consbruck?

3'30" - Dem Karim seng Zäit beim AC Mailand & Olympique Marseille.

9'40" - Wéi wichteg ass de Faktor Gléck am Sport?

10'35" - Mythos oder Wourecht?

27'55" - Dem Karim seng Athleten & Aufgaben.

38'15" - Witzeg Anekdoten aus dem Karim senger Karriär.

44'15" - Wee géif de Karim an enger 5v5-Ekipp opstellen?

48'00" - Dee prominentste Numm, deen de Karim a senger Karriär begéint huet.

50'10" - Wat ass eigentlech Talent & wourun erkennt een dat?

51'50" - D'Affär Brian Madjo.

59'35" - Dem Karim seng Motivatioun & Ziler.

63'40" - Prognose fir d'Joer 2026.

75'05" - Outro vun der éischter Episod.

Pas encore de commentaire