Page de couverture de Sport aus der Heemecht - De Podcast

Sport aus der Heemecht - De Podcast

Sport aus der Heemecht - De Podcast

Auteur(s): Ben Schlammes
Écouter gratuitement

À propos de cet audio

🇱🇺 𝑺𝒑𝒐𝒓𝒕 𝒂𝒖𝒔 𝒅𝒆𝒓 𝑯𝒆𝒆𝒎𝒆𝒄𝒉𝒕: Ee sportleche Podcast iwwer Leeschtung, Mentalitéit, Néierlagen & Erfolleger - éierlech, emotional & no um Terrain. 🏆Ben Schlammes
Épisodes
  • #1 Karim Consbruck: „Wann de Ronaldo keen Talent gehat hätt, wär hie vläit an der BGL Ligue gelant.“
    Jan 19 2026

    „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ ass lancéiert. An der éischter Episod diskutéiert de Ben matt sengem Invité Karim Consbruck iwwer wichteg Themen, déi d'Karriär vun engem Sportler hei am Land & am Profiberäich am Ausland beweegen. De Karim huet a senger Karriär scho verschidde Profisportler begleet & gëtt eis ecklusiv Abléck a säin Alldag & seng Erfarungen als Kraaft- & Konditiounstrainer. Bekannt ass hie virun allem am Fussball, mee och Athleten aus anere Sportaarte vertrauen op säin Training.


    Lauschtert elo déi éischt Episod vun „Sport aus der Heemecht - De Podcast“ & fannt eraus, wéi sech ënner anerem de Jean-Pierre Papin, de Zlatan Ibrahimovic & de Benjamin Henrichs um Karim sengem Wee bedeelegt hunn. Ech wënschen iech vill Spaass.


    Den Opbau vun der Episod:


    0'00" - Intro & Präsentatioun vum Podcast.

    0'40" - Ween ass de Karim Consbruck?

    3'30" - Dem Karim seng Zäit beim AC Mailand & Olympique Marseille.

    9'40" - Wéi wichteg ass de Faktor Gléck am Sport?

    10'35" - Mythos oder Wourecht?

    27'55" - Dem Karim seng Athleten & Aufgaben.

    38'15" - Witzeg Anekdoten aus dem Karim senger Karriär.

    44'15" - Wee géif de Karim an enger 5v5-Ekipp opstellen?

    48'00" - Dee prominentste Numm, deen de Karim a senger Karriär begéint huet.

    50'10" - Wat ass eigentlech Talent & wourun erkennt een dat?

    51'50" - D'Affär Brian Madjo.

    59'35" - Dem Karim seng Motivatioun & Ziler.

    63'40" - Prognose fir d'Joer 2026.

    75'05" - Outro vun der éischter Episod.

    Voir plus Voir moins
    1 h et 16 min
Pas encore de commentaire