Page de couverture de #2 Konferenz: Digitaliséierung an Inklusioun an de Medien

#2 Konferenz: Digitaliséierung an Inklusioun an de Medien

#2 Konferenz: Digitaliséierung an Inklusioun an de Medien

Écouter gratuitement

Voir les détails du balado

À propos de cet audio

Scho laang sinn d'Zäiten eriwwer, an deene mir geduecht hunn, datt den Internet automatesch mat enger Demokratiséierung vu Medien an engem méi fräien Zougrëff op héichwäerteg Informatioune verbonne wier. Oft fillt et sech souguer éischter un, wéi wann all Schrëtt no vir een oder esouguer zwee Schrëtt no hanne mat sech bréngt. Digital Inklusioun stellt net nëmmen d'Medien ëmmer nach viru grouss Erausfuerderungen a vill Froen. Op der Sich no Äntwerten hu mir mat véier staarke Stëmmen op dësem Terrain geschwat: Mara Kroth huet d'Non-Profit-Organisatioun "GoldenMe" matgegrënnt, déi sech dofir asetzt, datt déi eeler Generatioun méi Zougang zur digitaler Welt kritt, an engagéiert sech selwer fir LGBTQAI+-Rechter. D'Susanna van Tonder ass Aktivistin fir Mënsche mat Behënnerung a schwätzt iwwer Barrièren, déi oft onsiichtbar bleiwen. Eng Perspektiv zu Froen iwwer Kënschtlech Intelligenz gëtt eis de Misch Strotz, CEO a Matgrënner vun Neon Internet. An de Raphaël Kies, Fuerscher un der Universitéit Lëtzebuerg, hëlleft eis dobäi, déi Froe politesch anzeuerdnen. Dës Konferenz huet dir gefall? Ënnertstëtz de Lëtzebuerger Journal a maach dir en Abo: https://journal.lu/de/products
Pas encore de commentaire