Page de couverture de #2 Réimech

#2 Réimech

#2 Réimech

Écouter gratuitement

Voir les détails du balado

À propos de cet audio

Laang Zäit ënnert der Leedung vun der DP an der CSV, sinn 2005 mam Henri Kox als Schäffen an 2009 mat him als Buergermeeschter eng éischte Kéier déi gréng mat der CSV als Koalitiounspartner un d'Muecht komm. Bei de Gemengerotswalen 2017 hunn déi gréng zwee Sëtz verluer an den Henri Kox gouf Véiertgewielten. Säitdeem ass d'DP-CSV-Koalitioun zréck mam Jacques Sitz (DP) als Buergermeeschter. Ob hien déi Projeten, déi en an de leschte Joren ugestouss huet, wäert kënne finaliséieren, entscheeden um Walsonndeg d'Awunner*inne vu Réimech. Mir huelen dech mat an d'Jugendhaus, op d'Petanquespist, bei d'Geschäftsleit an an d'Gemeng, fir erauszefannen, wat d'Suergen an d'Wënsch vun de Leit zu Réimech fir déi ustoend Gemengewale sinn – a wéi eng Pläng d'Lokalpolitiker*inne fir d'Zukunft vun hirer Stad hunn. Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products
Pas encore de commentaire