Page de couverture de #6 Jonglënster

#6 Jonglënster

#6 Jonglënster

Écouter gratuitement

Voir les détails du balado

À propos de cet audio

De Summer verbanne vill Lëtzebuerger*inne mat Vakanzenaktivitéiten. Zu Jonglënster ass dat zanter 2009 d'Kannerspillstad Mini-Lënster, an der de Fonctionnement vun enger richteger Gemeng vun de Kanner nogestallt gëtt. Et ginn Dokteschpraxissen, eng Post, e Policebüro, eng Zeitung, jee alles, wat eng Gemeng esou brauch. Et gi souguer Walen ofgehalen, an deenen eng Buergermeeschtesch oder e Buergermeeschter mat engem Schäff*innerot gewielt gëtt. De Mich Weber war selwer eng Kéier Buergermeeschter vu Mini-Lënster a war dëst Joer déi éischt Kéier mat an déi richteg Gemengewalen. Mat him, esou wéi mat anere Politiker*inne vu Jonglënster, schwätzt d'Melody Hansen doriwwer, wat Jonglënster sech vu Mini-Lënster kann ofkucken, wéi eng Erausfuerderungen de schnelle Wuesstem vun der Gemeng mat sech bréngt a wéi d'Multikulturalitéit vun der International School sech och an der Gemeng ëmmer méi erëmfënnt. Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products
Pas encore de commentaire