Page de couverture de D'Hoffnungsdréier

D'Hoffnungsdréier

D'Hoffnungsdréier

Auteur(s): Lëtzebuerger Journal
Écouter gratuitement

À propos de cet audio

Ee Joer laang huet de Lëtzebuerger Journal d'Team Lëtzebuerg begleet. Kommt mat hannert d'Kulisse vun de Paralympics 2024. D'Cilia huet 13 Joer, ass Judoka an dreemt vun der nächster Editioun 2028 zu Los Angeles. Fir e bessert Gefill dofir ze kréien, wat e bedeit sech fir d'Paralympics ze qualifizéieren, huet d'Cilia wärend dem leschte Joer dat aktuellt Team Lëtzebuerg begleet. An de Lëtzebuerger Journal war dobäi. Bei den Ups, den Downs, ma och dem Moment, an deem d'Sportler*innen rausfannen, ob si sech qualifizéiert hunn oder net. D’Hoffnungsdréier – e Podcast vum Lëtzebuerger Journal. Recherche a Moderatioun: Misch Pautsch Konzept a Produktioun: Maxime Toussaint Politique Sciences sociales
Épisodes
  • #8 Bronze
    Sep 27 2024
    September 2024. Mir sinn zu Paräis. Fir de leschte Kompetitiounsdag vun de Paralympics sinn 80.000 Spectateuren a Spectatricen am Stade de France. De Roude Léiw ass iwwerall ze gesinn an och de Familljeminister Max Hahn ass mat Kolleegen den Tom Habscheid vun den Tribünen aus ufeiere komm. Um 20.25 probéiert den Tom nämlech, eng Medail am F63 Kugelstousse mat Heem ze bréngen. Hie stellt sech eng leschte Kéier sengen Dämonen… a klappt se. Paräis geet zu Enn. Elo kënnt L.A. 2028 – dem Cilia seng éischt Chance fir op d'Paralympics. Kontaktéier den LPC via info@paralympics.lu, start deng Para-Sportskarriär elo Join the LUNEX experience, méi Infos dozou op www.lunex.lu Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Voir plus Voir moins
    33 min
  • #7 Paräis
    Sep 20 2024
    August 2024. D'Team Lëtzebuerg fir d'Paralympics vu Paräis gëtt am Rehazenter offiziell presentéiert. Zwou Wochen duerno ass d’Katrin Kohl dann och schonn drun. Zu Saint-Denis, direkt beim Paralympic Village, erzielt hatt eis vu senger Erfarung. Mir profitéieren dovun, zu Paräis ze sinn, fir mam Joël Adams een drénken ze goen. Am Salon vum Stade de France, kuerz virum Tom Habscheid sengem Optrëtt, erzielt eis dann och d'Grande-Duchesse Maria Teresa, wéi si 1992 zu Barcelona hir éischt Paralympics als Spectatrice erlieft huet a wisou Paräis 2024 no London 2012 e Game-Changer fir de Behënnerte-Sport ass. Kontaktéier den LPC via info@paralympics.lu, start deng Para-Sportskarriär elo Join the LUNEX experience, méi Infos dozou op www.lunex.lu Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Voir plus Voir moins
    35 min
  • #6 Virbiller
    Aug 30 2024
    Juli 2024. Mir sinn um "Alles normal – Let’s celebrate Inclusion"-Festival. Ee vun den Highlights vum Weekend ass e Meet & Greet mat den Athlet*inne vum Paralympic Committee. D'Katrin Kohl an dem Tom Habscheid hu sech entre-temps fir d'Paralympics zu Paräis qualifizéiert. De Familljeminister Max Hahn nennt si "Ambassadeuren, fir de Leit mat Behënnerungen Hoffnung ze maachen". D’Christine Zimmer, Directrice vun Info-Handicap, an de Sascha Lang, deen den Event organiséiert huet, erklären, wéi wichteg Sport an d'Virbildfunktioun vun de paralympeschen Athlet*innen ass. Ma och d’Virbiller vun haut waren eng Kéier jonk an hu selwer Virbiller gebraucht. Fir den Tom waren dat d’Spiller vu London 2012. D’Katrin erënnert allerdéngs drun, dass d’Lëtzebuerger Paralympics net just déi zwee Qualifizéiert sinn, ma eng ganz Ekipp. Kontaktéier den LPC via info@paralympics.lu, start deng Para-Sportskarriär elo Join the LUNEX experience, méi Infos dozou op www.lunex.lu Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Voir plus Voir moins
    34 min
Pas encore de commentaire