Page de couverture de De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal

De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal

De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal

Auteur(s): Lëtzebuerger Journal
Écouter gratuitement

À propos de cet audio

Komm mir schnësse mateneen. An dat wéi fréier: ronderëm de Kaffisdësch mat engem gudde Biz Kaffi. Déi nächst Méint si mir am ganze Land ënnerwee. Mir wëlle gewuer ginn, wat iech am Alldag beschäftegt. All Etapp steet ënner engem anere Sujet. A well dobäi spannend Gespréicher entstinn, hëlt de Maxime Toussaint se op: an engem Podcast. Sciences sociales Économie
Épisodes
  • #2 Demokratie fréi léieren
    Aug 28 2025
    Wat wier, wann eis Kanner un der Muecht wieren? D'Äntwert heescht Mini-Lënster. Eng Kannerspillstad an der Jongen a Meedercher tëscht 6 an 13 Joer an enger fiktiver Stad mat demokratescher Struktur Rollespiller spillen. Se gi schaffen, erliewe wirtschaftlech Prinzippien a gi wielen… fir d'Annabelle Fisch, wat déi zwou Wochen als Buergermeeschtesch ofgeschloss huet. Parallel start Jonglënster dëst Joer säi Kannergemengerot, an deem hatt och dobäi wäert sinn. Ma wisou ass et esou wichteg, Kanner fréi fir Politik ze sensibiliséieren wat? Wat sinn de Kanner hir politesch Prioritéiten a fierwen déi vun den Erwuessenen op si of? A wéi wäerten d'Kanner mam "richtege" Gemengerot a sengem Buergermeeschter, dem Ben Ries, zesummeschaffen? Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint net nëmmen dem Ben Ries, ma och dem Annabelle Fisch, gestallt. An och nach ganz vill méi. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "On-Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Wärend dem Nomëtten hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Demokratie fréi léieren" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen. Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss. Als Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", begleet d'Feierboun eis op all Etapp mat hirem Specialty Coffee.
    Voir plus Voir moins
    33 min
  • #1 Kaf lokal
    Jun 13 2025
    Wéi wichteg ass d'Kaffiskultur zu Lëtzebuerg – e Land, wou een net vu "frühstücken" schwätzt, ma ganz einfach vu "Kaffi drénken"? Wéi gesäit d'Liewe vun engem Butteksbesëtzer aus, an enger Stad, wou stänneg gebaut gëtt? A firwat ass et haut méi wichteg wéi jee, lokal anzekafen? Genee dës Froen huet de Maxime Toussaint dem Vincent Della Schiava, Co-Founder vun de Feierboun Coffeeroasters, gestallt. Ma net nëmmen dat. De Kaffisdësch vum Lëtzebuerger Journal ass en "On-Air" Podcast. E gëtt live op eisen Eventer opgeholl an ass esou och partizipativ. Wärend dem Owend hat jiddereen d'Méiglechkeet, Stéchwierder, déi hinnen zum Thema "Kaf lokal" an de Kapp komm sinn, op eise Kaffisdësch ze schreiwen. Dës Iddien a Froen huet de Maxime méi spéit am Gespréich mat afléisse gelooss. Als Partner vun eisem "Tour de Luxembourg", wäert d'Feierboun eis mat hirem Specialty Coffee op all Etapp begleeden.
    Voir plus Voir moins
    32 min
Pas encore de commentaire