Page de couverture de Gréng op den Oueren

Gréng op den Oueren

Gréng op den Oueren

Auteur(s): Enovos | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Écouter gratuitement

À propos de cet audio

Mir beliichten är Energie vun alle Säiten! An dësem Podcast treffe mir Leit, déi sech domat auskennen – Experten an awer och iwwerzeegte Notzer.⁣ ⁣ Wéi bréngt de Mënsch et fäerdeg, an Zukunft méi nohalteg ze liewen? Wéi eng grouss Entwécklunge gëtt et, déi eisen Alldag an eist Zesummeliewe beaflossen? Mir ginn dëse Froen op de Fong a schwätze mat deenen, déi et virliewen.⁣ ⁣ Eng Produktioun vun Enovos an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. Sciences sociales
Épisodes
  • Mam Wandrad vun der Zäit goen
    Jul 31 2025
    Et ass faszinéierend: Ee Wandrad muss just eemol dréinen, an et kënnen direkt bis zu 10 Batterien vun Elektro-Veloen opgelueden ginn. Trotz hirem Potenzial ginn et nach Suergen – wéinst Lautstärk, Landschaftsbild oder Naturimpakt. Wéi vill dovun ass nach haut berechtegt? De Paul Zeimet vu SOLER – eisen Invitée an dëser Episode vu Gréng op den Oueren – geet genee dëse Froen no. Hie verréit, firwat och d’Gemengen eng wichteg Roll spillen, firwat d’Wandrieder net rosa däerfe sinn a wéi de Grand-Duc reagéiert huet, wéi e Wandrad bei sengem Schlass opgeriicht gouf.
    Voir plus Voir moins
    27 min
  • Nohalteg ënnerwee mat der CFL
    Apr 29 2025
    Bei der CFL ass dat méi, wéi just eng Fro – et ass eng Missioun. Vun erneierbaren Energië bis zu grénger Infrastruktur : déi national Eisebunnsverwaltung beweist, dass Transport an Ëmwelt keng Géigesätz musse sinn. Vun Innovatiounen, iwwer Strategien an Ëmweltbewosstsinn, schwätzt de Max an dëser Episod mam Sandy Nonnweiler, CFL-Pressespriecherin, an dat direkt aus dem Zuch eraus. Donieft geet et och ëm de PPA-Projet tëscht der Enovos an der CFL.
    Voir plus Voir moins
    25 min
  • Green Events
    Mar 19 2025
    Egal ob Festival, Sportsevent, Dëppefest oder Marche Gourmande – Eventer spillen eng wichteg Roll an eiser Gesellschaft. Ma wéi kënnen se nohalteg organiséiert ginn? Doriwwer schwätze mir an dëser Episod mam Oekozenter Pafendall an der SuperDreckskëscht. Ee weidere Gaascht ass de Max Pesch aus dem Organisatiounscomité vum e-Lake Festival. Hien erkläert, firwat sech de Festival op de Fändel geschriwwen huet, sech och ëm de Label vum Green Event ze beméien.
    Voir plus Voir moins
    25 min
Pas encore de commentaire