Page de couverture de Mäin Element

Mäin Element

Mäin Element

Auteur(s): FNR | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Écouter gratuitement

À propos de cet audio

E Podcast vum Luxembourg National Research Fund (FNR) an Zesummenaarbecht mam Studio J vum Lëtzebuerger Journal. De Max Kasel trëfft sech reegelméisseg mat Fuerscher*innen zu Lëtzebuerg a schwätzt mat hinnen iwwert hiert Liewen an hier Passioun fir d'Wëssenschaft. "Mäin Element" weist de Mënsch hannert der Fuerschung.Lëtzebuerger Journal Science
Épisodes
  • Mäin Element - Lindsay Flynn
    Jul 17 2025
    Uni fäerdeg, en Auto an dann eng eege Wunneng. Dat ass den Dram vu villen. Leider ass dat esou net ëmmer ganz méiglech. Firwat dat esou ass, dat seet eis d'Lindsay Flynn. Déi gebierteg Amerikanerin fuerscht nämlech am Beräich vum Logement. Mä wéi erfuerscht een dat eigentlech? Donieft geet et och ëm amerikanesch Traditiounen, den Tom Cruise an international ënnerschiddlech Gréisste vu Panen. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
    Voir plus Voir moins
    29 min
  • Mäin Element - Johannes Meiser
    Mar 4 2025
    Wéi verbënnt ee Skate mat der Kriibsfuerschung? D'Äntwert dodrop kennt de Johannes Meiser, eisen neie Gaascht am Podcast Mäin Element. De Gewënner vum FNR Award 2024 schwätzt mam Max iwwert den aktuelle Fuerschungsstand, wat den Ënnerscheed tëscht engem Kriibsfuerscher an engem Dokter ass, a wéi et ass op ee Mol een Team ze leeden. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
    Voir plus Voir moins
    30 min
  • Mäin Element - Alexander Skupin
    Feb 3 2025
    Dës Episod vu Mäin Element dréit sech ëm ee vun de bekanntste Wëssenschaftler aus Lëtzebuerg – an zwar den Alexander Skupin. Hie war nämlech Deel vun der deemoleger "Corona Task Force", déi d'Politik beroden huet. Bekanntheet schéngt allgemeng ee Sujet fir den Alexander gewiescht ze sinn… Wann hien net Wëssenschaftler gi wier, dann hat hien nach d'Optioun fir… Rockstar ze ginn. Hien erzielt eis, wéi et dozou komm ass a wat geschéie géing, wa mir 100 Prozent vun eisem Gehier notze géingen. Du wëlls méi iwwert de FNR wëssen?⁣⁣⁣⁣⁣ https://www.fnr.lu
    Voir plus Voir moins
    32 min
Pas encore de commentaire