Épisodes

  • Anne Wies
    Aug 12 2025
    An dëser Episod trëfft d'Jill am Holy Ghost Garden op d'Anne Wies vum Atelier Monell. Als Kanner sinn se zesummen op der Diddelenger Kiermes Knuppauto gefuer, haut gesinn se sech am alen Tattoo-Studio tëscht Planzen op e Käffche rem… an hunn sech méi, wéi genuch, ze zielen. D'Anne ass fräischaffend Architektin, Goldschmattesch, a rakéitesch "campeuse bronzée" mat engem VW T4, déi d'Welt gesi well. Ugefaangen huet de Wee vum soziale Wunnengsbau an d'Handwierk mat geierften Ouerrénk vun der Boma, déi ursprénglech null säi Stil waren. Hatt ass du bei e Goldschmatte gaangen, fir se nei ze designen – an do huet et gefunkt. Haut mécht hatt se selwer: Bijoue mat Séil, déi no Wochen a Méint Aarbecht de Numm vun engem Mënsch droen, deen him eppes bedeit. Si schwätzen doriwwer, wéi een eleng een Atelier féiert, iwwer Diddl-Mäisecher, Familljegeschichten, an de Kulturschock vun hollännescher Iesskultur. An natierlech: Wou fillt een sech doheem, wann een tëscht Amsterdam a Lëtzebuerg pendelt? Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Voir plus Voir moins
    34 min
  • Lou Philipps
    Jun 11 2025
    Skulpturen, Fotografie oder Kleeder: Dem Lou Philipps säin Häerz schléit fir d’Konscht. Fir hatt war et also selbstverständlech, säin Job draus ze maachen. No senge Studien zu Wien a London, wou et am léifste bliwwe wier, ass et zeréck op Lëtzebuerg komm, wou hatt haut als Directrice vun der Valerius Gallery schafft. Bei engem Matcha am Knopes erzielt hatt dem Jill, dass säin Appartement voller Biller steet, obwuel et näischt ophänken dierf, dass et wichteg ass, Konscht ze kafen, fir jonk Kënschtler*innen ze ënnerstëtzen, an dass et an all Galerie eng Offer fir all Budget gëtt. Si schwätzen och vu Fashion a vu Reesen. Dat mam Fliger, mam Zuch… oder souguer mat engem Van voller Konschtstécker a Richtung Ibiza. Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Voir plus Voir moins
    43 min
  • Dunia Ciuferri
    May 21 2025
    D’Dunia Ciuferri tätowéiert am eegenem Studio Scuro zwar gréisstendeels mat schwaarzer Tënt, ma fält virun allem mat hirem sonnegen a bonten Optrëtt op. Déi jonk Entrepreneuse, Kënschtlerin an engagéiert Aktivistin huet an de leschte Joren net nëmmen e Raum fir kënschtlereschen Ausdrock geschaf, ma och e safe space, an deem sech jidderee wuel fille kann, esou, ewéi en ass. Eng Waarmhäerzegkeet, déi och dëst Gespréich duerchaus spigelt. Well nieft seriöen Themen ewéi Fraefeindlechkeet an Homophobie gëtt virun allem haart gelaacht a mat enger gesonder Portioun Selbstironie op d’Vergaangenheet zeréckgekuckt. Du wëlls méi iwwer Reklamme wëssen? Schreif eis op podcast@journal.lu
    Voir plus Voir moins
    37 min