Page de couverture de Déi gutt Mod

Déi gutt Mod

Déi gutt Mod

Auteur(s): Melody Hansen | Lynn Warken | Lëtzebuerger Journal
Écouter gratuitement

À propos de cet audio

Et waren emol eng Lokaljournalistin an eng Radiomoderatorin. Elo leede se gemeinsam e 76 Joer ale Mediebetrib, de Lëtzebuerger Journal. Wéi se dat maachen, erzielen d’Lynn Warken an d’Melody Hansen an dësem Podcast. Si schwätzen iwwert hiren Alldag an enger Féierungspositioun, hir Learnings, Beobachtungen awer och iwwert déi Saachen déi si owes wakereg halen.Lëtzebuerger Journal Développement commercial et entrepreneuriat Entrepreneurship Gestion et leadership Sciences sociales Économie
Épisodes
  • #30 Empathie, Muecht a Menopause: D'Yuriko Backes iwwer Leadership
    Aug 19 2025
    An dëser Episod schwätze mir mam Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), fir Verdeedegung a fir Mobilitéit an Travaux publics. Am Gespréich geet et ëm Leadership tëscht Empathie a Muecht an d'Bedeitung vun oppener Kommunikatioun, wann et drëms geet Decisiounen ze treffen a Léisungen ze fannen. Mir diskutéieren d'Onofhängegkeet vun de Fraen, hir wirtschaftlech a politesch Autonomie an d'Fro vun Diversitéit a Gläichberechtegung zu Lëtzebuerg. D'Yuriko Backes deelt och, wéi si hire Wee an d'national Politik gaangen ass, eng Decisioun, bei där d'Famill eng wichteg Roll gespillt huet. Zousätzlech schwätzt si ganz oppen iwwer hir perséinlech Erfarungen an der Menopause an d'Auswierkungen, déi dës Phas an der Aarbechtswelt mat sech bréngt.
    Voir plus Voir moins
    39 min
  • #29 De Courage, Responsabilitéit ze iwwerhuelen (feat. Miriam Eisenmenger)
    Jul 22 2025
    Kuerz virun der Summerpaus geet et fir d’Redaktioun vun engem Presseiessen op dat anert. D’Melody verréit eis, wat hannert dëse Veranstaltungen stécht a wat hire Sënn ass. Mir schwätzen iwwert eise Partenariat an der Kannerspillstad „Mini-Lënster“, wou mir d’Mini-Journal-Redaktioun opgebaut hunn an d’Lynn war beim ACL op Besuch, wou hat mat der CEO Miriam Eisenmenger geschnësst huet. Nieft dem Thema modern Mobilitéit hu si sech iwwert Leadership an de Courage, Verantwortung ze iwwerhuelen, ënnerhalen, esouwéi iwwert de Wäert vu Mentoring an d’Bedeitung vun engem gudde Netzwierk, dat besonnesch hei zu Lëtzebuerg esou wichteg ass.
    Voir plus Voir moins
    43 min
  • #28 Liichtegkeet & non-lineare Beruffswee (feat. Sara Kaiser)
    Jun 17 2025
    Liichtegkeet, wat bedeit dat eigentlech? Ass dat eppes, dat ee vu klengem u mat op de Wee kritt, oder kann een dat och nach spéider am Liewe léieren? Mir schwätzen iwwert dës Situatiounen, bei deene mir eis nach virun e puer Joer an de Buedem geschummt hätten a wou mir haut ganz entspaant soen: „Ma dann ass dat eben esou.“ Wéini iwwerhëlt een eng Aufgab aus wierklecher Responsabilitéit eraus, a wéini mécht een et just, well ee sech soss schëlleg géif fillen se net ze maachen? Wéini ass et just e Pflichtgefill? Mir hu rëm Besuch: D’Sara Kaiser. D’Sara huet d’Luxembourg Tech School mat opgebaut, erzielt eis vu sengem ongewéinleche Wee vun der Finanzen an de Kultursecteur, bis hin zum Opbau vun enger innovativer Schoul fir Jonker an der Tech-Welt a beweist, dass eng Karriär net ëmmer linear muss sinn. Mir schwätzen iwwert finanziell Sécherheet an aner Ängscht déi opkomme wann een iwwert e Beruffswiessel nodenkt an et ginn e puer Tipps, wéi ee sech op sou e Changement preparéiere kann.
    Voir plus Voir moins
    1 h et 8 min
Pas encore de commentaire