Épisodes

  • #30 Empathie, Muecht a Menopause: D'Yuriko Backes iwwer Leadership
    Aug 19 2025
    An dëser Episod schwätze mir mam Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit (MEGA), fir Verdeedegung a fir Mobilitéit an Travaux publics. Am Gespréich geet et ëm Leadership tëscht Empathie a Muecht an d'Bedeitung vun oppener Kommunikatioun, wann et drëms geet Decisiounen ze treffen a Léisungen ze fannen. Mir diskutéieren d'Onofhängegkeet vun de Fraen, hir wirtschaftlech a politesch Autonomie an d'Fro vun Diversitéit a Gläichberechtegung zu Lëtzebuerg. D'Yuriko Backes deelt och, wéi si hire Wee an d'national Politik gaangen ass, eng Decisioun, bei där d'Famill eng wichteg Roll gespillt huet. Zousätzlech schwätzt si ganz oppen iwwer hir perséinlech Erfarungen an der Menopause an d'Auswierkungen, déi dës Phas an der Aarbechtswelt mat sech bréngt.
    Voir plus Voir moins
    39 min
  • #29 De Courage, Responsabilitéit ze iwwerhuelen (feat. Miriam Eisenmenger)
    Jul 22 2025
    Kuerz virun der Summerpaus geet et fir d’Redaktioun vun engem Presseiessen op dat anert. D’Melody verréit eis, wat hannert dëse Veranstaltungen stécht a wat hire Sënn ass. Mir schwätzen iwwert eise Partenariat an der Kannerspillstad „Mini-Lënster“, wou mir d’Mini-Journal-Redaktioun opgebaut hunn an d’Lynn war beim ACL op Besuch, wou hat mat der CEO Miriam Eisenmenger geschnësst huet. Nieft dem Thema modern Mobilitéit hu si sech iwwert Leadership an de Courage, Verantwortung ze iwwerhuelen, ënnerhalen, esouwéi iwwert de Wäert vu Mentoring an d’Bedeitung vun engem gudde Netzwierk, dat besonnesch hei zu Lëtzebuerg esou wichteg ass.
    Voir plus Voir moins
    43 min
  • #28 Liichtegkeet & non-lineare Beruffswee (feat. Sara Kaiser)
    Jun 17 2025
    Liichtegkeet, wat bedeit dat eigentlech? Ass dat eppes, dat ee vu klengem u mat op de Wee kritt, oder kann een dat och nach spéider am Liewe léieren? Mir schwätzen iwwert dës Situatiounen, bei deene mir eis nach virun e puer Joer an de Buedem geschummt hätten a wou mir haut ganz entspaant soen: „Ma dann ass dat eben esou.“ Wéini iwwerhëlt een eng Aufgab aus wierklecher Responsabilitéit eraus, a wéini mécht een et just, well ee sech soss schëlleg géif fillen se net ze maachen? Wéini ass et just e Pflichtgefill? Mir hu rëm Besuch: D’Sara Kaiser. D’Sara huet d’Luxembourg Tech School mat opgebaut, erzielt eis vu sengem ongewéinleche Wee vun der Finanzen an de Kultursecteur, bis hin zum Opbau vun enger innovativer Schoul fir Jonker an der Tech-Welt a beweist, dass eng Karriär net ëmmer linear muss sinn. Mir schwätzen iwwert finanziell Sécherheet an aner Ängscht déi opkomme wann een iwwert e Beruffswiessel nodenkt an et ginn e puer Tipps, wéi ee sech op sou e Changement preparéiere kann.
    Voir plus Voir moins
    1 h et 8 min
  • #27 Humor op der Aarbecht
    May 27 2025
    Humor op der Aarbecht mécht eis méi resilient, verbënnt an hëlleft och duerch ustrengend oder schwéier Deeg ze kommen. Net nëmmen am Journalismus, mee op all Aarbechtsplaz. Wéi geet Humor op der Aarbecht? Wou sinn eiser Meenung no d’Grenzen? Mir schwätzen doriwwer a gi Beispiller aus eisem Alldag. D’Melody war ënnerdeems dës Woch immens beréiert vun engem Interview mat enger jonker Parkinson-Patientin, déi him erzielt huet, wéi et ass, eng Krankheet ze hunn, déi d’Gesellschaft just mat eelere Mënschen just verbënnt an d’Lynn war op europäeschem Terrain ënnerwee. Hei geet et bei den Artikel ronderëm jonk Parkinson-Patient*innen: https://journal.lu/de/parkinson-mit-40-kein-einzelfall
    Voir plus Voir moins
    28 min
  • #26 Prokrastinatioun an Networking-Hacks vun der Bom
    Apr 1 2025
    Mir schwätzen iwwert Peoplemanagement an dat Gefill, de ganzen Dag näischt geschafft ze hunn. An et geet ëm Prokrastinatioun. Wat sinn déi Aufgaben, déi gären op en aneren Dag verluecht ginn? Zum Schluss ginn et nach e puer Networking-Hacks vun eise Bomen. Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken. Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products
    Voir plus Voir moins
    41 min
  • #25 Systemperfektionismus
    Mar 10 2025
    D’Sonn kënnt eraus, d’Laun ass direkt besser – an dat net nëmmen, well d‘Fréijoer sech ukënnegt, den Alkohol gouf massiv reduzéiert an dat hat direkt e puer positiv Effekter. D’Melody erzielt vum Event “Diplomat for a Day”, wou et sech am Kader vum Weltfraendag mat engagéierte jonke Fraen ausgetosch huet. An et geet ëm “Systemperfektionismus”, also d’Striewen no Perfektioun vun engem Prozess oder System. Mir brauchen dech! Du interesséiers dech fir Audio- oder Videoproduktioun oder kenns een*t, deen dat géif spannend fannen? Da mell dech mat engem CV an enger Lettre de Motivation bei melody.hansen@journal.lu oder lynn.warken@journal.lu a verbréng däi Summerstage mat eis!
    Voir plus Voir moins
    19 min
  • #24 Sport an (On)zefriddenheet
    Feb 24 2025
    Wéi huet sech eist Verhältnis zu Sport am Laf vum Liewe verännert? D’Lynn ass méi risikobereet ginn, wärend d’Melody et méi roueg ugoe léisst. Ma eppes hu mer gemeinsam: Mir brauche Sport mëttlerweil, fir de Kapp fräi ze kréien, duerch den (Aarbechts)alldag ze kommen an och aus dësem einfache Grond: Et mécht Spaass. Apropos Aarbecht: An der Vakanz ass dem Lynn opgefall, wéi vill Leit mat hirem Job onzefridde sinn. Mee firwat ass dat esou? Mir schwätzen iwwert “sech bekloen” - de Lëtzebuerger Vollekssport.
    Voir plus Voir moins
    34 min
  • #23 Kënnegen an astellen
    Jan 28 2025
    Wat eng opreegend Woch! D’Lynn an d’Melody hunn déi éischte Kéier an hirem Liewen nei Mataarbechter*innen agestallt. Direkt nom Onboarding-Dag deelen si hir frësch Andréck mat Iech: Wourop muss ee bei der Astellung oppassen? Wat sinn d’Erwaardungen – souwuel vun de neie Leit wéi och vun der bestoender Ekipp? A wisou kann ee "frësche Bléck" op eis Aarbechtsprozesser esou wäertvoll sinn? A wa mir schonn iwwer Aarbecht schwätzen: Pünktlechkeet ass e vill diskutéiert Thema! Fir d’Lynn ass se e Must, d’Melody gesäit dat – nenne mir et – méi flexibel. Mee wéi beaflosst eisen Time-Management eisen Alldag, a wéi eng Tricks funktionéiere wierklech, fir net ëmmer ze spéit ze sinn? An natierlech schwätze mir och iwwert déi aner Säit vun der Medail: d'Kënnegen. Wéi schwéier ass et, eng Entscheedung ze treffen? Wéi vill Loyalitéit si mir eiser Ekipp schëlleg? A firwat ass et ëmmer wichteg, fir sech selwer anzestoen? Vergiess net, eis deng Froe, Erfarungen an Umierkungen per Message oder Sproochnoriicht via Direct Message op Instagram https://www.instagram.com/letzjournal/ oder per E-Mail op lynn.warken@journal.lu a melody.hansen@journal.lu ze schécken. Du wëlls eis Equipe ënnerstëtzen? Da maach en Abo beim Lëtzebuerger Journal: https://journal.lu/de/products
    Voir plus Voir moins
    41 min