Page de couverture de De Gemengepodcast

De Gemengepodcast

De Gemengepodcast

Auteur(s): Lëtzebuerger Journal
Écouter gratuitement

À propos de cet audio

Vu Sëll an d'Stad a vu Schëffleng op Kiischpelt, d'Journalist*inne vum Lëtzebuerger Journal huelen dech mat op eng Rees duerch déi 102 Gemengen am Land. Mir besichen all Bezierk vum Grand-Duché a schwätzen do mat Awunner*innen a lokale Politiker*innen. D'Episode sinn an ënnerschiddleche Sproochen. Politique Sciences politiques Sciences sociales
Épisodes
  • #8 Stad Lëtzebuerg
    Sep 21 2023
    Schueberfouer, dining out and open-air concerts. In this episode, Teodor Georgiev takes you on a summer trip through Luxembourg City. Between two roller coaster rides, he sits down with Laurent Schwaller, who turned his love for the funfair into a job for the state, and bumps into Marc Ruppert (Fokus) whose grandmother used to own the Kugener restaurant. Down the grund, he has a conversation with François Dickes, owner of Vins Fins, who showcases how key dining out is during summertime, before heading to Den Atelier, where its managing partner, Michel Welter, gives him a dip into Luxembourgish nightlife. When the summer gives way to the colder part of the year though, life in Luxembourg City continues and the municipality's activities as well. Teo meets with Corinne Cahen (DP) and Claudie Reyland (déi gréng) to chat about intergration, mobility, housing and the council's work in a commune where foreigners comprise 70 per cent of the population. This podcast is provided to you free of charge. If you want to support our team and promote quality journalism, subscribe now: https://journal.lu/en/products
    Voir plus Voir moins
    33 min
  • #7 Déifferdeng
    Sep 14 2023
    Déifferdeng ass eng Stad mat dausend Gesiichter – bal 30.000, fir genau ze sinn. Fir vill vun hinne geet et am Summer Richtung Ausland, bei d'Famill oder an den Hotel, an am Zentrum gëtt et virun allem am August relativ roueg. Eng Plaz, wou awer ëmmer eng lass ass, ass de Minettpark Fond-de-Gras. Wärend den Train1900 an d'Minièresbunn bei Jonk an Al fir Begeeschterung suergen (zanter Kuerzem kann ee jo souguer an engem vun den ale Waggonë schlofen), zéien déi vill verschidde Festivals all Joer Leit aus Lëtzebuerg, mee och dem Ausland un. De Blues Express, d'Anno 1900 Steampunk Convention, Kiwany's History Vehicles: ronderëm déi fréier Industrie-Gare gëtt et esou munches ze erliewen an de Wee an den déiwe Süden ass definitiv derwäert. Déifferdeng huet wéi all Stad awer och mat klengen a gréissere Boboen ze kämpfen. Virun allem d'Theme Verkéier, Sécherheet a Beliewe vum Zentrum stinn an der Gemeng ëmmer nees am Vierdergrond. D'Laura Tomassini war e puer Deeg an der Minett-Stad ënnerwee an huet esouwuel mam Buergermeeschter Guy Altmeisch (LSAP), der Oppositiounspolitikerin Manon Schütz (déi gréng), ewéi och dem Steampunk-Fan Pascal Zimmer a Passant*innen iwwer dat geschwat, wat Déifferdeng ausmécht, wou de Schong nach dréckt a wéi een hei de Summer verbrénge kann. Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products
    Voir plus Voir moins
    32 min
  • #6 Jonglënster
    Sep 7 2023
    De Summer verbanne vill Lëtzebuerger*inne mat Vakanzenaktivitéiten. Zu Jonglënster ass dat zanter 2009 d'Kannerspillstad Mini-Lënster, an der de Fonctionnement vun enger richteger Gemeng vun de Kanner nogestallt gëtt. Et ginn Dokteschpraxissen, eng Post, e Policebüro, eng Zeitung, jee alles, wat eng Gemeng esou brauch. Et gi souguer Walen ofgehalen, an deenen eng Buergermeeschtesch oder e Buergermeeschter mat engem Schäff*innerot gewielt gëtt. De Mich Weber war selwer eng Kéier Buergermeeschter vu Mini-Lënster a war dëst Joer déi éischt Kéier mat an déi richteg Gemengewalen. Mat him, esou wéi mat anere Politiker*inne vu Jonglënster, schwätzt d'Melody Hansen doriwwer, wat Jonglënster sech vu Mini-Lënster kann ofkucken, wéi eng Erausfuerderungen de schnelle Wuesstem vun der Gemeng mat sech bréngt a wéi d'Multikulturalitéit vun der International School sech och an der Gemeng ëmmer méi erëmfënnt. Dëse Podcast gëtt dir gratis zur Verfügung gestallt. Wann s du eis Equipe ënnerstëtze wëlls, fir dass mir och an Zukunft Qualitéitsjournalismus kënnen ubidden, da maach elo hei däin Abo: https://journal.lu/de/products
    Voir plus Voir moins
    33 min
Pas encore de commentaire