Page de couverture de New Work

New Work

New Work

Auteur(s): Chambre des salariés | Studio J (Lëtzebuerger Journal)
Écouter gratuitement

À propos de cet audio

Den Aarbechtsmarché ass permanent amgaangen sech ze veränneren. D'Pandemie huet dat nach emol acceleréiert. Wéi gesäit d'Aarbechtswelt vun haut aus? Wéi eng Faktore ginn ëmmer méi wichteg a wou leien d'Geforen? Dorëms geet et am Podcast "New Work", eng Kollaboratioun tëscht der Chambre des salariés an dem Lëtzebuerger Journal.Lëtzebuerger Journal Gestion et leadership Économie Éducation
Épisodes
  • New Work #20 - Wéi de Klima d'Aarbecht verännert a wat dogéint gemaach gëtt
    Sep 1 2025
    De Klimawandel ass kengem méi ee frieme Begrëff. Domat setzt een oft extreem Wiederen an de Verloscht vun der Biodiversitéit a Verbindung. Schonn haut si mir a Lëtzebuerg vun de Konsequenze betraff – an domadder och eis Aarbechtsplazen. Ma wéi eng Mesurë musse geholl ginn, fir deem entgéint ze wierken? D'Chambre des salariés bereet, zesumme mam Mouvement écologique (MECO), ee Plan social fir de Klima vir. Doriwwer an iwwer villes méi a punkto Klimawandel beschwätze mir an dëser Episod mam David Büchel an dem Claude Roeltgen, alle béid Conseiller bei der CSL, an dem Blanche Weber, Präsidentin vum MECO.
    Voir plus Voir moins
    21 min
  • New Work #19 - Wuelbefannen an atypesch Aarbechtszäiten
    Jun 4 2025
    Work-Life Balance ass een Term, deen een net méi ëmgoe kann. Ëmmer méi gëtt iwwert d’Wuelbefanne vun de Salarié*een op der Aarbecht geschwat – an d'Chambre des salariés mécht all Joers an deem Kontext eng gréisser Enquête. Wéi huet d’Covid-Pandemie d’Wuelbefanne vun de Salarié*eë gepräägt? Wat beaflosst de Bien-être positiv – a wat negativ? Kann een den Impakt vun atypeschen Aarbechtszäite moossen? A si Léisungsusätz, wéi d’Véier-Deeg-Schaffwoch, wierklech erwënscht? Genee dës Froe beäntweren den David Büchel, Aarbechtspsycholog bei der Chambre des salariés, an d'Nathalie Moschetti, Juristin bei der CSL, an dëser Episod.
    Voir plus Voir moins
    21 min
  • New Work #18 - Tipps fir däin éischten Job
    Apr 10 2025
    Egal op Stage, Studentenjob oder éischt Aarbecht – bal all Mënsch lant iergendwann um Aarbechtsmarché. An tëscht all de verschiddene Kontrakter a Konditiounen, kann et am Ufank iwwerfuerderend sinn, den Iwwerbléck ze behalen. Op wat muss ee beim Ënnerschreiwe vun engem Kontrakt, wann ee manner Erfarung huet, oppassen? Wéi a wou informéiert een sech am beschten iwwert déi verschidden Offeren? Wat sinn d'No-Go's bei enger Kandidatur a vu wat oder weem kann een sech hëllefe loossen? D'Chambre des salariés hëlleft den Demandeurs d’emploi, sech virzebereeden an déi néideg Recherchen ze maachen. An dëser Episod deelen de Michel Di Felice an d'Nathalie Moschetti, alle béid Juristen a Conseiller bei der CSL, hir Tipps an Tricks.
    Voir plus Voir moins
    12 min
Pas encore de commentaire