Épisodes

  • New Work #20 - Wéi de Klima d'Aarbecht verännert a wat dogéint gemaach gëtt
    Sep 1 2025
    De Klimawandel ass kengem méi ee frieme Begrëff. Domat setzt een oft extreem Wiederen an de Verloscht vun der Biodiversitéit a Verbindung. Schonn haut si mir a Lëtzebuerg vun de Konsequenze betraff – an domadder och eis Aarbechtsplazen. Ma wéi eng Mesurë musse geholl ginn, fir deem entgéint ze wierken? D'Chambre des salariés bereet, zesumme mam Mouvement écologique (MECO), ee Plan social fir de Klima vir. Doriwwer an iwwer villes méi a punkto Klimawandel beschwätze mir an dëser Episod mam David Büchel an dem Claude Roeltgen, alle béid Conseiller bei der CSL, an dem Blanche Weber, Präsidentin vum MECO.
    Voir plus Voir moins
    21 min
  • New Work #19 - Wuelbefannen an atypesch Aarbechtszäiten
    Jun 4 2025
    Work-Life Balance ass een Term, deen een net méi ëmgoe kann. Ëmmer méi gëtt iwwert d’Wuelbefanne vun de Salarié*een op der Aarbecht geschwat – an d'Chambre des salariés mécht all Joers an deem Kontext eng gréisser Enquête. Wéi huet d’Covid-Pandemie d’Wuelbefanne vun de Salarié*eë gepräägt? Wat beaflosst de Bien-être positiv – a wat negativ? Kann een den Impakt vun atypeschen Aarbechtszäite moossen? A si Léisungsusätz, wéi d’Véier-Deeg-Schaffwoch, wierklech erwënscht? Genee dës Froe beäntweren den David Büchel, Aarbechtspsycholog bei der Chambre des salariés, an d'Nathalie Moschetti, Juristin bei der CSL, an dëser Episod.
    Voir plus Voir moins
    21 min
  • New Work #18 - Tipps fir däin éischten Job
    Apr 10 2025
    Egal op Stage, Studentenjob oder éischt Aarbecht – bal all Mënsch lant iergendwann um Aarbechtsmarché. An tëscht all de verschiddene Kontrakter a Konditiounen, kann et am Ufank iwwerfuerderend sinn, den Iwwerbléck ze behalen. Op wat muss ee beim Ënnerschreiwe vun engem Kontrakt, wann ee manner Erfarung huet, oppassen? Wéi a wou informéiert een sech am beschten iwwert déi verschidden Offeren? Wat sinn d'No-Go's bei enger Kandidatur a vu wat oder weem kann een sech hëllefe loossen? D'Chambre des salariés hëlleft den Demandeurs d’emploi, sech virzebereeden an déi néideg Recherchen ze maachen. An dëser Episod deelen de Michel Di Felice an d'Nathalie Moschetti, alle béid Juristen a Conseiller bei der CSL, hir Tipps an Tricks.
    Voir plus Voir moins
    12 min
  • New Work #17 - Kënschtlech Intelligenz an de Schoulen
    Feb 21 2025
    2023 ass ChatGPT populariséiert ginn. Säit deem weess jiddereen, wat kënschtlech Intelligenz ass, a K.I. ass ee vill diskutéiert Thema. Verschidde Leit fokusséieren sech op d’Geforen, anerer benotzen et fir alles. Fir de Rob Weil ass kloer, dass mer musse léieren, domadder eens ze ginn, well d'K.I. sou wéi sou do ass. Hien ass Director of Research, Policy, and Field Programs bei der American Federation of Teachers an den USA, Expert fir kënschtlech Intelligenz am Domaine vun der Educatioun a Virreider an der Fuerschung vu K.I.. Am Dezember 2024 war hien op Ufro vun der Chambre des salariés zu Lëtzebuerg, fir eng Konferenz iwwert d’Zukunft vun der Educatioun an den Afloss vun der K.I. op de Schoul-Secteur ze halen. Wäert K.I. eis Jobs ersetzen? Mir hunn dovu profitéiert, fir him eng vun de meescht gestallte Froen zum Sujet ze stellen.
    Voir plus Voir moins
    21 min
  • New Work #16 - improof
    Jan 10 2025
    Wéi kéint eng Ekonomie ausgesinn, déi net nëmme profitabel ass, mee och fair an nohalteg? Dës Fro probéiert d'Chambre des salariés mam Blog improof, eng sougenannte Reflexiounsplattform, ze beäntweren. De Sylvain Hoffmann ass den Direkter vun der Chambre des salariés. Den Nermin Plavsic këmmert sech ëm d'Kommunikatioun bei der CSL. Si hunn eis erkläert, wat improof genau ass, ween do eigentlech schreift a seng Iddien deelt, a wat si kuerz- ma och laangfristeg domat erreeche wëllen.
    Voir plus Voir moins
    23 min
  • New Work #15 - Pensiounen
    Oct 23 2024
    Mussen déi Jonk vun haut ëm hir Pensioun fäerten? De Pensiounssystem, dee Lëtzebuerg haut kennt, kënnt vun enger Reform vun 2012. Elo si mer awer an engem neie Moment, wou d'Pensioune reforméiert kéinte ginn – an d’Chambre des salariés setzt sech an, fir se ze stäerken. Um Terrain, ma och a senger Kommunikatioun. Fir ze verstoen, ëm wat et genau geet, schwätze mir an dësem Episod mam Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés, a mam Dylan Theis, Conseiller bei der CSL, deen um Niveau vun de Pensiounen als Ekonomist schafft. Si hunn eis erkläert wéi d'Pensioune funktionéieren, wisou den aktuelle System, hirer Meenung no, net ideal ass, a wéi si sech op eng eventuell nei Reform preparéieren.
    Voir plus Voir moins
    24 min
  • New Work #14 - Der Aarmut an den Hëllefen dogéint op der Spuer
    Sep 24 2024
    Wee sinn déi Leit, déi zu Lëtzebuerg vun Aarmut betraff sinn a wéi eng Ënnerstëtzung gëtt et hei? Ënnert anerem dëse Froe ginn an der "Étude sur le vécu des personnes en précarité au Luxembourg et le recours aux aides", déi d’Chambre des Salariés zesumme mam LISER a mam STATEC verëffentlecht huet, beäntwert. An ëm genau dës Etüd geet et an dësem Episod. Wéi definéieren d'Chambre des Salariés an de LISER eigentlech Aarmut? Wëssen déi, déi dovu betraff sinn, wat et fir Hëllefe ginn? A froen si se dann och un? Mir hu mam Anne-Catherine Guio a mam Anne Franziskus geschwat, déi zwou Fuerscherinnen, déi sech hannert dëser Recherche verstoppen.
    Voir plus Voir moins
    26 min
  • New Work #13 - Frontalieren
    Sep 5 2024
    All Dag kommen 220 000 Frontalieren a Frontalièren op Lëtzebuerg schaffen. D'Zuele si vun November 2023. D'Leit kommen aus der Belsch, Frankräich an Däitschland. Mee wéi genau gëtt de Begrëff vum Frontalier definéiert? Genee dorëm geet et an deser Episod. Wat ass fir ee Frontalier oder eng Frontalière um Lëtzebuergeschen Aarbechtsmarché anescht, a wat sinn seng*hir Vir- an Nodeeler par rapport zu engem*r Résident*e? Vun den Teletravailsdeeg bis op spezielle Congé: D'Martine Mirkes an d'Nathalie Moschetti, allen zwee Juristinne bei der Chambre des Salariés, verroden eis alles.
    Voir plus Voir moins
    20 min